send link to app

Météo Boulaide app for iPhone and iPad


4.6 ( 8336 ratings )
Weather
Developer: Kirepo sàrl
Free
Current version: 1.0.2, last update: 9 months ago
First release : 15 Oct 2021
App size: 1.6 Mb

Météo Boulaide, elo och als App! Sitt ëmmer um neiste Stand a gitt net méi esou séier vu méigleche Wiedergeforen iwwerrascht. Nierft dësen Informatioune fannt Dir och déi aktuell Wiederprognose fir déi nächst Deeg, Artikelen a Wiederdonnéeën. Am Fall vu spezielle Wiederlagen erméiglechen et dPush Norichten, dass Dir direkt kënnt informéiert ginn ouni mussen op de soziale Netzwierker aktiv ze sinn.

De private Wiederdéngscht gouf am Dezember 2009 vum Philippe Ernzer gegrënnt. No iwwer 10 Joer am Asaz ereechen d’Prognosen eng héich Trefferquot – Spezialgebitt: Prognos vun Onwiedersituatiounen.
Zesumme mat den Donnéeë vun eegene Moossstatioune souwéi och duerch d’Auswäerte vu sëllege Wiedermodeller ginn all Dag op mannst zwee mol präzis a verlässlech Wiederprognosen un de Public erausginn. De Virdeel am Géigesaz zu de meeschte Wieder-Apps: all d’Prognose sinn handgemaach, Feeler vun informateschem Uersprong ginn et also wäitgoend keng. Iwwerdeems sech de Gros vun den Apps just op 1 bis 2 Modeller bezéien a nët duerch Mënschenhand kontrolléiert/iwwerwaacht ginn, fléissen an d’Prognose vu Météo Boulaide all méiglech Szenarien an, déi duerch 10 Joer Experienz korrekt a plausibel interpretéiert ginn.